Dr Bofferding, Pédiatrie · Néonatologie

Äre Kannerdokter zu Stroossen, vun der Gebuert bis an d'Jugend.

Den Dr Léon Bofferding empfänkt Bëbeeën, Kanner a Jugendlecher an der Consultatioun. Mat 30 Joer Erfarung an der intensiver Neonatologie suivéiert hien och Kanner, déi ze fréi op d'Welt komm sinn. Consultatiounen op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.

Consultatiounen

Allgemeng Pädiatrie

Routinevisitten, Suivi vum Wuesstem an der Entwécklung, Impfungen a Consultatiounen no Bedarf.

Neigebueren

Eng Begleedung an den éischten Deeg an de Méint, fir d'Iessen, de Schlof, d'Gewiicht an all d'Froe vun de jonken Elteren.

Suivi vu fréigebuerene Kanner

Eng Suivi-Consultatioun speziell fir Kanner, déi ze fréi op d'Welt komm sinn, fir hir Entwécklung iwwer d'Joren ze begleeden.

Parcours

Facharzt fir Pädiatrie an Neonatologie.

Dr Léon Bofferding
Dr Léon BofferdingKannerdokter · Neonatolog
  • AusbildungDoktor an der Medezin, Université Paris VI Pierre et Marie Curie
  • SpezialitéitFacharzt fir Pädiatrie
  • SpezialisatiounDIU de Néonatologie, Université Henri Poincaré Nancy (CHU Nancy)
  • SpezialisatiounZusatzbezeichnung Neonatologie, Universitéit Bonn (Unikinderklinik Bonn)
  • 2003 bis 2026Service National de Néonatologie Intensive, Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL)
  • SuiviLaangfristege Suivi vu Kanner, déi vill ze fréi gebuer goufen

Rendez-vous ufroen

Schéckt eis Är Ufro, d'Praxis mellt sech bei Iech, fir den Dag an d'Zäit ze confirméieren.

Dir rufft léiwer un? +352 24 61 83 01

Noutfall: dëse Formulaire gëtt net permanent gelies. Am Noutfall rufft w.e.g. den 112 un.

Elteren
Kand

W.e.g. keng detailléiert medezinesch Informatiounen an dëse Formulaire schreiwen. Doriwwer schwätzt Dir an der Consultatioun.

Är Donnéeë ginn nëmme gebraucht, fir Är Rendez-vous-Ufro ze beaarbechten. Dateschutz

D'Praxis

Dr Léon Bofferding
106-108, route d'Arlon
L-8010 Strassen

Wee dohin

Telefon
+352 24 61 83 01
E-Mail
contact@drbofferding.lu
Consultatiounen
Op Rendez-vous, ab 9h30
Sproochen
Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch